All episodes

Vum Text bis Vott: Chamber versus EU-Parlament

Vum Text bis Vott: Chamber versus EU-Parlament

35m 26s

Wat geschitt eigentlech tëscht engem éischten Text an engem Vott?
An dëser Episod huele mir iech mat an de politeschen Alldag – vun der éischter Iddi bis zur finaler Decisioun. Mir schwätzen iwwert projet a proposition de loi, d’Aarbecht an de Kommissiounen an d’Roll vum Rapporteur: wien Texter zesummebréngt, Kompromësser sicht a Verantwortung iwwerhëlt.

Mir vergläichen d’national Aarbecht an der Chamber mat de Prozesser am EU-Parlament a weisen unhand vu konkrete Beispiller, firwat Politik dacks méi Zäit, Gespréicher a Gedold brauch, wéi een no bausse gesäit.

Eng Episod fir jiddereen, dee verstoe wëll, wéi Gesetzer Form unhuelen – an net...

Mercosur & Social Media

Mercosur & Social Media

33m 5s

An dëser Episod schwätze mir iwwert den EU-Mercosur Handelsofkommes: firwat et aktuell esou vill Debatt ausléist a wat et fir europäesch a lëtzebuergesch Betriber bedeite kann.

Am zweeten Deel geet et ëm eng ganz aner, mee genee esou kontrovers Fro: Soll Social Media verbuede ginn? Fir wien, firwat – a bréngt e Verbuet wierklech eng Léisung? Mir diskutéieren d’Argumenter, d’Risiken an d’politesch Verantwortung an enger digitaler Welt.

Eng Episod tëscht Welthandel a gesellschaftlecher Debatt – mat Abléck, Kontext a klorer Haltung.

KI, Algorithmen & Reegelen

KI, Algorithmen & Reegelen

33m 45s

Wat ass KI eigentlech – a wéini gëtt et op eemol fir Politik relevant?

An dëser Episod schwätze mir iwwert Algorithmen, Donnéeën a Kënschtlech Intelligenz – net theoretesch, mee unhand vu Beispiller aus dem Alldag. Vu Plattformaarbecht iwwer Online-Plattforme bis bei automatiséiert Entscheedungen, déi beaflossen, wat mir gesinn, wat mir kréien – oder net.

Mir erkläre, firwat d’EU mat Reegelen ewéi dem Digital Services Act (DSA) an dem AI Act agegraff huet, wat dës Gesetzer konkret änneren a wou se scho Wierkung weisen – mee och, wou nach Loft no uewen ass.

Ausgerechent Politik mam Françoise a Martine

Ausgerechent Politik mam Françoise a Martine

29m 7s

An dësem Podcast schwätze mir iwwert politesch Themen, Decisiounen an den Alldag hannert de Kulissen – éierlech, verständlech an ouni Floskelen. Mir erklären, wat Politik am richtege Liewe bedeit, wou se komplizéiert ass, wou se iwwerrascht a wou se ganz normal gëtt.

Et geet net ëm Parteiparolen, mee ëm Perspektiven: Wéi fillt et sech un, Verantwortung ze droen? Wat leeft anescht, wéi een et vu bausse mengt? A wéi bleift een als Schwëster – an als Mënsch – bei sech selwer?

Ausgerechent Politik riicht sech u jiddereen, dee Politik besser verstoe wëll – och (oder grad) dann, wann een sech...