Vu Studenteboursen bis bei d’Planzen-DNA
Méi Sue fir d’Studenten, méi Fräiheet fir d’Fuerschung, an nei Reegele fir d’Planzen vu muer. Eng nei Woch, eng nei Episod.
Ee Podcast iwwer Politik, wéi se wierklech ass - no, éierlech an ouni eidel Floskelen.
Méi Sue fir d’Studenten, méi Fräiheet fir d’Fuerschung, an nei Reegele fir d’Planzen vu muer. Eng nei Woch, eng nei Episod.
An dëser Episod gräife mir déif an zwee Themen déi méi gemeinsam hunn ewéi ee géif denken.
Zu Lëtzebuerg debattéiert d’Chamber de Projet de Loi 8625 – eng Reform vum Pressegesetz déi d’Medielandschaft, vun de Funkwellen bis zu den Influencer vun haut, ëmfaasst. Gläichzäiteg leeft parallel en anere Projet iwwert de Schutz vu Journaliste géint SLAPP-Kloen – a mir erzielen iech firwat eng maltesesch Journalistin mat hirem Liewe bezuelt huet an dorauser eng europäesch Direktiv entstaanen ass.
Op EU-Niveau goungen Verhandlungen vun de Fluchpassagéierrechter an déi nächst Ronn. No 11 Joer Blockade am Conseil ass elo déi läscht Méiglechkeet.
An dëser Episod schwätze mir iwwer eng Woch déi souwuel zu Lëtzebuerg wéi och zu Stroossbuerg besonnesch war.
Zu Lëtzebuerg huet Premier Luc Frieden seng Ried zur Lag vun der Natioun 2026 gehalen – ënner dem Motto “Mateneen. Fireneen.”
Zu Stroossbuerg gouf den éischten europäesche Verdéngschtuerden verdeelt – mat ënnert anerem Angela Merkel, Lech Wałęsa a Viviane Reding. Ausserdeem soll en neit FOrmat vun Debatten am Juni getest ginn. A schliisslech: d’Biergerinitiativ “Stop Destroying Videogames” – eng Debatt iwwert Konsumenterechter am digitale Zäitalter déi wäit méi wäit geet wéi nëmme Spiller.