Fraerechter am Fokus
Show notes
An dëser Folleg maache mir e Wochenréckbléck op aktuell politesch Themen zu Lëtzebuerg an an Europa.
Am Fokus stinn dës Kéier Fraerechter an Gläichstellung. Zu Lëtzebuerg gouf iwwer e wichtege Schrëtt diskutéiert an ofgestëmmt: d’Méiglechkeet, Ofdreiwung an der Verfassung ze verankeren.
Op europäeschem Niveau huet d’Europäesch Kommissioun op d’Biergerinitiativ „My Voice, My Choice“ reagéiert, déi sech fir sécher an zougänglech Ofdreiwung an Europa asetzt.
Ausserdeem kucke mir op den International Women’s Day 2026, deen dëst Joer ënner dem Motto „Give To Gain“ steet.
Wat bedeiten dës Entwécklunge fir d’Politik an Europa – a fir d’Rechter vu Fraen?
New comment